New Work #11 - Inegalitéiten

Sponsored content

De Podcast vun der Chambre des salariés a Kollaboratioun mam Lëtzebuerger Journal. Den Aarbechtsmarché ass permanent amgaange sech ze veränneren. Wéi gesäit d'Aarbechtswelt vun haut aus? Wéi eng Faktore ginn ëmmer méi wichteg a wou leien d'Chance respektiv d'Geforen?

New Work #11

An dësem Episod geet et ëm e Sujet, mat deem jidderee schonn ze dinn hat: Inegalitéiten. Där ginn et vill, vum Abseits am Fussballsmatch, dee kee war, bis zum Kolleeg, deen am Kino eng besser Plaz krut. Ma déi interesséieren d'Chambre des salariés jo net esou. Op wéi eng Inegalitéiten fokusséieren si sech da genau? Wéi erkennen si se? A wat fir eng Zorten Inegalitéite ginn et?

D'Nathalie Goerges, de Félix Martins de Brito an den Dylan Theis si wirtschaftlech Beroder*inne bei der CSL. Si hunn eis gezielt, wisou d'Gefill vun Ongerechtegkeet beim Erkenne vun enger Inegalitéit esou wichteg ass, wéi Inegalitéite gemooss ginn a wéi d'Chambre des salariés dogéint ukämpft.