Et Geet Dach! #3 - Haislech Gewalt

Sponsored content

Egalitéit zu Lëtzebuerg - wéi ass et haut, wéi war et gëschter, a wat erhoffe mir eis fir muer? Fräi a riicht eraus, d'Morena Luisi schwätzt an dësem Podcast iwwert d'Evolutioun vun der Chancegläichheet an diverse Felder. Eng Zesummenaarbecht mam MEGA, dem Ministère de l'Égalité des genres et de la Diversité.

Et Geet Dach! #3

Haislech Gewalt

"D'Gewalt fänkt warscheinlech méi fréi un, wéi déi meescht Leit et mengen", esou de Christopher Witry an dëser neier Episod Et Geet Dach!. "Gewalt ass net nëmmen 'ech gi geschloen', mee Gewalt kann och scho sinn 'ech ginn denigréiert, ech gi schlecht gemaach, ech ginn an den Eck gedréckt, ech ginn isoléiert."

Dës Kéier schwätzt d'Morena Luisi mat sengen Invité*eën iwwert haislech Gewalt. D'Ana Pinto war selwer en Affer wärend 11 Joer an huet elo d'Associatioun La Voix des Survivant(e)s gegrënnt, déi Betraffenen hëlleft. D'Isabel Da Silva schafft bei Femmes en détresse an ass aktiv an der Preventioun, Sensibiliséierung a Formatioun. D'Daniela Cabete ass Psychologin am Service Riicht Eraus vun der Croix-Rouge, dee mat Täter schafft. De Christopher Witry ass Resonsabel fir de Beräich haislech Gewalt beim Ministère de l'Égalité des genres et de la Diversité.