New Work #14 - Der Aarmut an den Hëllefen dogéint op der Spuer

Sponsored content

Den Aarbechtsmarché ass permanent amgaangen, sech ze veränneren. Wéi gesäit d'Aarbechtswelt vun haut aus? Wéi eng Faktore ginn ëmmer méi wichteg a wou leien d'Chancë respektiv d'Geforen? De Podcast vun der Chambre des salariés a Kollaboratioun mam Lëtzebuerger Journal.

New Work #14

Wee sinn déi Leit, déi zu Lëtzebuerg vun Aarmut betraff sinn a wéi eng Ënnerstëtzung gëtt et hei? Ënnert anerem dëse Froe ginn an der "Étude sur le vécu des personnes en précarité au Luxembourg et le recours aux aides", déi d’Chambre des salariés zesumme mam LISER a mam STATEC verëffentlecht huet, beäntwert.

An ëm genau dës Etüd geet et an dësem Episod. Wéi definéieren d'Chambre des salariés an de LISER eigentlech Aarmut? Wëssen déi, déi dovu betraff sinn, wat et fir Hëllefe ginn? A froen si se dann och un? Mir hu mam Anne-Catherine Guio a mam Anne Franziskus geschwat, déi zwou Fuerscherinnen, déi sech hannert dëser Recherche verstoppen.