Menoplay #4 - Angscht virun Hormoner

Von Lëtzebuerger Journal

D'Menopause betrëfft net just d'Fra, mee och hir Bezéiung. An déi gréissten Hëllef ass fir vill Frae gläichzäiteg déi gréissten Angscht: Hormoner. Déi véiert Episod vu Menoplay weist, wat d'Wëssenschaft haut dozou seet – a wéi Koppelen zesummen duerch dës Phas kommen.

Fir déi eng ass se e Wonnermëttel, fir déi aner e Risiko: D'Hormontherapie spléckt wéi kaum en anere Sujet ronderëm d'Menopause. Dobäi baséiert vill vun der Angscht op enger Etüd vun 2002 – an op Hormoner, déi an Europa guer net agesat ginn.

D'Ilana wëll wëssen, wat wierklech drun ass. Wéi grouss ass de Risiko vu Broschtkriibs? Wat maache Fraen, déi keng Hormoner huele kënnen oder wëllen? A wat mécht d'Menopause mat enger Partnerschaft an der Sexualitéit?

Äntwerte kréie mir vu Fraen a Männer, déi hir Erfarungen oppen deelen. D'Milène wëll net méi ouni hir Hormoner, d'Martine huet hire Wee iwwer d'Ernärung fonnt. De Cyril erzielt, wéi d'Hormontherapie seng Fra an hir Bezéiung verännert huet. De Gilles huet erlieft, wéi seng Partnerin no enger Operatioun vun engem Dag op deen aneren an d'Menopause koum. An d'Trixie verréit, firwat et fir si e Luxus ass, an dëser Phas single ze sinn. Fir d'Anuerdnung suergen de Gynekolog Dr. Vincent Massard, d'Generalistin Dr. Hacer Akkuzu, d'Sexologin Dr. Danielle Choucroun an d'Diane Elsen vu Lëtz Menopause. Si erklären, wou d'Angscht virun Hormoner hierkënnt, wéi eng Alternativen et gëtt – a firwat d'Fro no der Loscht ëmmer och eng Fro un d'Koppel ass.

Wourëm et am Podcast geet

Vapeuren… Brain Fog… déi lescht Bluddung.

Dat alles si Begrëffer, déi mir mat der Menopause verbannen.

Ma wat bedeiten d'Peri-Menopause an d'Menopause konkret fir jiddereen, dee vun de Wiesseljore betraff ass? Wéi ënnerstëtzt een si an där Liewensphas am beschten? A wou hapert et zu Lëtzebuerg nach u Support?

Genee déi Froe beäntwert de Lëtzebuerger Journal mat dësem Podcast.

Mir hu mat betraffe Leit a mat Expert*innen aus der Santé an aus der Politik geschwat, mam Zil, de Sujet vun der Menopause ze enttabuiséieren a Fraen ze empoweren.

Mir weisen : D'Menopause ass keen Enn, et ass eng nei Etapp.

Menoplay – e Podcast vum Lëtzebuerger Journal.
 

U Menoplay hu matgewiekt :

  • Interviews : Camille Frati, Melody Hansen, Ilana Joseph, Misch Pautsch
  • Konzept : Melody Hansen, Ilana Joseph, Maxime Toussaint
  • Produktioun : Ilana Joseph, Maxime Toussaint
  • Animatioun : Ilana Joseph
  • Fotoen : Lex Kleren