Menoplay #1 - Wat leeft, wann et net méi leeft?

Von Lëtzebuerger Journal

Menopause heescht méi wéi just keng Reegel méi. Déi éischt Episod vu Menoplay erkläert, wat am Kierper an am Kapp geschitt, wann d'Hormoner ufänken, verréckt ze spillen – a firwat vill Fraen d'Perimenopause eréischt am Nachhinein als dat erkennen, wat se war.

Vapeuren, kloer. Mee Oueren, déi bäissen? Hänn, déi kribbelen? Péng an de Gelenker, wann ee moies erwächt? D'Menopause huet méi Gesiichter, wéi déi meescht denken. Bis zu 100 Symptomer ginn domat a Verbindung bruecht – an déi heefegst dovun si psychesch.

D'Ilana ass 21 Joer al a weess eigentlech näischt iwwer d'Wiesseljoren. Dofir fänkt hatt als Host ganz vu vir un: Wat geschitt iwwerhaapt hormonell am Kierper? Wat ass den Ënnerscheed tëscht der Perimenopause an der Menopause? A firwat fillt et sech fir verschidde Fraen u wéi eng zweet Pubertéit?

Äntwerte kréie mir vu Fraen tëscht 21 a 64 Joer, déi oppen doriwwer schwätzen: vun extreemer Middegkeet, Nuechten ouni Schlof an dem Gefill, den eegene Kierper net méi ze kennen. Fir dat Ganzt anzeuerdnen, hëllefen eis d'Generalistin Dr. Hacer Akkuzu an de Gynekolog Dr. Vincent Massard. Si erklären, wat genee am Kierper geschitt a firwat keng Menopause wéi déi aner ass.

Wourëm et am Podcast geet

Vapeuren… Brain Fog… Déi lescht Bluddung.

Dat alles si Begrëffer, déi mir mat der Menopause verbannen.

Ma wat bedeiten d'Peri-Menopause an d'Menopause konkret fir jiddereen, dee vun de Wiesseljore betraff ass? Wéi ënnerstëtzt een si an där Liewensphas am beschten? A wou hapert et zu Lëtzebuerg nach u Support?

Genee déi Froe beäntwert de Lëtzebuerger Journal mat dësem Podcast.

Mir hu mat betraffe Leit a mat Expert*innen aus der Santé an aus der Politik geschwat, mam Zil, de Sujet vun der Menopause ze enttabuiséieren a Fraen ze empoweren.

Mir weisen: D'Menopause ass keen Enn, et ass eng nei Etapp.

Menoplay – e Podcast vum Lëtzebuerger Journal.

U Menoplay hu matgewiekt:

  • Interviews: Camille Frati, Melody Hansen, Ilana Joseph, Misch Pautsch
  • Konzept: Melody Hansen, Ilana Joseph, Maxime Toussaint
  • Produktioun: Ilana Joseph, Maxime Toussaint
  • Animatioun: Ilana Joseph
  • Fotoen: Lex Kleren