Wat leeft? - „On-screen“ Representatioun

Par Jana Degrott Article uniquement disponible en allemand

An dësem Podcast gräift d'Jana Degrott reegelméisseg Themen op, déi d'Gesellschaft beschäftegen. Dës kéier schwätzen dräi Invitéen aus dem Filmmilieu iwwer d'Realitéit virun an hannert der Kamera am Hibléck op d'Representatioun vun der Diversitéit a Film, Fernseh a Co.

Wat leeft? ass eng Plattform fir déi, déi systematesch ausgegrenzt, victimiséiert an/oder ignoréiert ginn. Mat Invitéen, déi festgefuere Gedankemustere wëllen opbriechen an de Status Quo challengen.

Wéi gi verschidde Leit oder Gemeinschaften an de Medien duergestallt? An deene meeschte westleche Medie sinn nach ëmmer bestëmmte Gruppe vu Leit ënnerrepresentéiert. Dat sinn haaptsächlech Leit mat enger gewëssener Hautfaarf („People of color“), LGBTIQ+ Leit, Fraen, Mënsche mat enger Behënnerung. Representatioun heescht net onbedéngt datt si vu Virdeel ass. Tokenismus ass, wann d’Inklusion vun enger ënnerrepresentéierter Grupp näischt méi ass wéi e symbolesche Versuch, d’Geschicht oder d’Ëmfeld divers erschéngen ze loossen. Leit falsch representéieren ass dacks d’Resultat vun negative Stereotyppen, déi mir vis-à-vis vun aneren hun.

Wat leeft? - Ep. 4

„On-screen“ Representatioun

Eng staark a positiv Representatioun vu Minoritéitsgruppe kann hëllefen, negativ Stereotyppen ze bekämpfen an dréit dozou bäi, datt Virbiller geschaf ginn. Sou datt jiddereen an eiser Gesellschaft, ganz besonnesch Jonker, d’Gefill kréien, datt si Superheld*in, Dokter/Doktesch, Schauspiller*in oder wien och ëmmer an Zukunft kënne ginn.

An deene leschte Jore gesi mir ëmmer méi Diversitéit an de Medien. Wie gesäit et zu Lëtzebuerg aus? An dëser véierter Episod vu Wat leeft? schwätze mir iwwert de lëtzebuergesche Filmsecteur, Diversitéit an d’Konsequenze vu Stereotyppen. Dat zesumme mam Realisateur a Produzent Adolf El Assal (Sawah), mam Matgrënner vu Samsa Film Claude Waringo (Capitani) a mam Kënschtler a Schauspiller Idder Boukhcha.

*op Lëtzebuergesch