Wat leeft? - Antisemitismus

Par Jana Degrott Article uniquement disponible en allemand

An dësem Podcast schwätzt d'Jana Degrott iwwer Themen, déi d'Gesellschaft beweegen. Dës Kéier geet et am Gespréich mam Alice Deutsch, Bernard Gottlieb a Mil Lorang ëm d'Feindseelegkeet géintiwwer Judden.

Dësen Artikel gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo däin Abo !

Wat leeft? ass eng Plattform fir déi, déi systematesch ausgegrenzt, victimiséiert an/oder ignoréiert ginn. Mat Invitéen, déi festgefuere Gedankemustere wëllen opbriechen an de Status Quo challengen. Marginaliséiert Themen aus der Gesellschaft ginn oppen ugeschwat, an de Leitmotiv vun der Serie ass de Wonsch, d'Welt e Stéck méi gerecht ze maachen.

Wat leeft - Ep. 11

Antisemitismus

Laut rezenten Ëmfroe vun der europäescher Agence fir Grondrechter, waren 39% vun de jüddesche Befroten Affer vun antisemittesche Belästegungen an de leschte 5 Joer. De Conseil européen bedauert déi alarméierend Erhéijung vun Tëschefäll an den EU-Memberstaaten. D'Covid-19 Pandemie huet antisemittesch Discoursen donieft erëmbelieft. Néi Mythen a Verschwörungstheorië sinn entstanen.

Wei kënnt et zu dëser Form vun Haass? Wat sinn d’Originnen dovun a wat kann een dogéint maachen? An dësem Episod schwätzt d'Jana Degrott doriwwer mat der Zäitzeien Alice Deutsch, dem President vun der ASBL Recherche et information sur l'antisémitisme au Luxembourg (RIAL) Bernard Gottlieb an dem Auteur Mil Lorang, dee vill zur Verfollgung vun de Judde recherchéiert huet.

*op Lëtzebuergesch

00:00
00:00
Pour ne rien manquer, inscrivez-vous à la newsletter.

Pour finaliser l'inscription, clique sur le lien indiqué dans l'e-mail que nous venons de t'envoyer. Vérifie également ton dossier de courrier indésirable ou spam, en cas de doute. La mise à jour de ton profil Journal peut prendre quelques minutes.

Une erreur est survenue lors de ton inscription à la newsletter. Tu peux nous contacter à abo@journal.lu.

Suivant

Hello Esports - Addicted to a video game