POST x IMPAKT - Reprise vun alen Apparater 

Contenu sponsorisé Article uniquement disponible en allemand

An enger globaliséierter Welt verantwortungsvoll op sozialem, wirtschaftlechem an ökologeschem Niveau ze agéiere sollt net nëmmen eleng d’Aufgab vu Bierger a Biergerinne sinn, mee och vun Entreprisen. Aus deem Grond entwéckelen ëmmer méi Betriber hir eegen RSE-Strategie. E Podcast iwwert d'Kreeslafwirtschaft, déi finanziell an digital Inclusioun. 

POST x IMPAKT #2

Reprise vun alen Apparater 

An dësem Episod gi mer gewuer, wéi eis al Smartphones, Routeren a Fritzboxen hei zu Lëtzebuerg en zweet Liewe kënne kréien, a wéi doduerch op villen Niveauen eng Plus-Value fir d’Gesellschaft geschafe ka ginn. De Cliff Konsbruck, Direkter POST Telekom, gëtt en Abléck, wéi Ëmweltschutz a soziaalt Engagement zesummenhänken. Fir dat z'erreechen, schafft POST mat ënnerschiddleche Partner zesummen, a mir hunn eis dat an der Praxis ugekuckt. D’Ghislaine Duprey, Directrice adjointe vu Solina Aarbechtshëllef ASBL, erzielt, wéi si an hiren Atelieren den Tri maachen. Déi eng Smartphonë gi recycelt, déi aner gi vun Digital Inclusioun ASBL erëm opgeschafft an u Mënschen hei zu Lëtzebuerg verdeelt, wéi de Co-Founder Patrick de la Hamette erkläert. Al Antennen, Fritzboxen a Routere ginn direkt bei POST auserneegebaut a recycelt. Hëllef kréie si hei vun der Ligue HMC, der Associatioun fir Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung, esou d’Claudine Nosbusch, eng vun den zwee Directricë vun der Associatioun. Zum Schluss hëlt de Gil Dos Santos eis mat an den Inklusiounsatelier op der Cloche d'Or.