POST x IMPAKT - Numérique responsable

Contenu sponsorisé Article uniquement disponible en allemand

An enger globaliséierter Welt verantwortungsvoll op sozialem, wirtschaftlechem an ökologeschem Niveau ze agéiere sollt net nëmmen eleng d’Aufgab vu Bierger a Biergerinne sinn, mee och vun Entreprisen. Aus deem Grond entwéckelen ëmmer méi Betriber hir eegen RSE-Strategie. E Podcast iwwert d'Kreeslafwirtschaft, déi finanziell an digital Inclusioun.

POST x IMPAKT #8

"RSE by design" sinn, dat ass d'Zil vu Post Luxembourg – an dozou gehéiert den Numérique responsable.

Dës Episod dréit sech also ëm de verantwortungsvollen Ëmgang mat digitalen Technologien. Vum éischten Apple Certified Repair Center an Europa bis bei e méi inklusive Service Client : Den Direkter vu Post Telecom Cliff Konsbruck erzielt, wat Post ënnerhëlt, fir hir Offer esou nohalteg wéi méiglech ze maachen.

Post gesäit seng Responsabilitéit awer och am Sensibiliséieren. Dofir hunn si virun e puer Méint ee Workshop organiséiert, bei deem Mataarbechter*innen a Partner invitéiert waren. De Vincent Courboulay, Co-Founder an Directeur scientifique vum Institut du Numérique Responsable a Frankräich, an de Jules Delcon, dee beim belschen Equivalent schafft, waren dofir zu Lëtzebuerg. Si hunn erkläert, wéi een déi ökologesch a sozial, positiv an negativ Impakter vun dësem wichtege Sujet verstoen a moosse kann, ma och wéi een dozou bäidroe kann, méi nohalteg mat digitalen Technologien ëmzegoen.