De Gemengepodcast - Jonglënster

Par Melody HansenLex KlerenMaxime ToussaintPatrycja Pruchenska Article uniquement disponible en allemand

Vu Sëll an d’Stad a vu Schëffleng op Kiischpelt, am Gemengepodcast huelen d’Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal dech mat an déi 100 Gemenge vum Land. An der zweeter Staffel dréit sech alles ëm de Summer an de Gemengen. Mir waren an all Bezierk vum Grand-Duché ënnerwee an hunn do mat Awunner*innen a Lokalpolitiker*inne geschwat. Am zweeten Episod ass d'Melody Hansen zu Jonglënster ënnerwee.

Gemengepodcast – Ep.6 Jonglënster

Dëse Podcast gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo däin Abo.

De Summer verbanne vill Lëtzebuerger*inne mat Vakanzenaktivitéiten. Zu Jonglënster ass dat zanter 2009 d'Kannerspillstad Mini-Lënster, an der de Fonctionnement vun enger richteger Gemeng vun de Kanner nogestallt gëtt. Et ginn Dokteschpraxissen, eng Post, e Policebüro, eng Zeitung, jee alles, wat eng Gemeng esou brauch. Et gi souguer Walen ofgehalen, an deenen eng Buergermeeschtesch oder e Buergermeeschter mat engem Schäff*innerot gewielt gëtt. De Mich Weber war selwer eng Kéier Buergermeeschter vu Mini-Lënster a war dëst Joer déi éischt Kéier mat an déi richteg Gemengewalen.

Mat him, esou wéi mat anere Politiker*inne vu Jonglënster, schwätzt d'Melody Hansen doriwwer, wat Jonglënster sech vu Mini-Lënster kann ofkucken, wéi eng Erausfuerderungen de schnelle Wuesstem vun der Gemeng mat sech bréngt a wéi d'Multikulturalitéit vun der International School sech och an der Gemeng ëmmer méi erëmfënnt.

*op Lëtzebuergesch