(On)bekannt - Micky Kemp

Par Jill LallemangDaniel Nepgen Article uniquement disponible en allemand

De Podcast, an deem d'Jill Lallemang all Kéier mat enger anerer Persoun potere soll – ouni Informatiounen, ouni Preparatioun. No an no kréie béid Gespréichspartner*inne Béierdeckele bruecht, déi d'Gespréich an eng aner Richtung bréngen. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis.

Dësen Artikel gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo däin Abo.

(On)bekannt - Ep. 11

Firwat wunnt e Mënsch elo scho siwe Joer laang zu Berlin, obwuel dat u sech ni de Plang war? D'Eventmanagerin Micky Kemp erkläert dem Jill, wat de Charme vun der däitscher Haaptstad ausmécht an dass een do méi fënnt wéi Techno an Altbau-Haiser. Déi fréier Studentin am Kommunikatiounsmanagement huet grad e radikale berufflechen Tapéitewiessel hanneru sech, vun deem mir am Detail verzielt kréien. Donieft gëtt d'Micky mat Froen zu sengen Häerzenstheme gelächert : Klimaschutz a Walen (oder wéi d'Jill seet : Delfinen).

*op Lëtzebuergesch