(On)bekannt - Lara Dieudonné

Par Jill LallemangLynn Warken Article uniquement disponible en allemand

De Podcast, an deem d'Jill Lallemang all Kéier mat enger anerer Persoun potere soll – ouni Informatiounen, ouni Preparatioun. No an no kréie béid Gespréichspartner*inne Béierdeckele bruecht, déi d'Gespréich an eng aner Richtung bréngen. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis.

Dësen Artikel gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo däin Abo !

(On)bekannt - Ep. 9

Vun Amsterdam op Lëtzebuerg, oder : vum Marketingjob an engem Déiereschutz-Veräin an d’Brittesch Ambassade. Wéi ass et, wann een no esou ville Joren zeréck an de Grand-Duché kënnt? D’Lara Dieudonné erzielt dem Jill, wéi säin Aarbechtsalldag ausgesäit a wéi déitlech eng Dat-hu-mer-schonn-ëmmer-esou-gemaach-Mentalitéit ka sinn. Et erkläert och wat et heescht, als POC zu Lëtzebuerg opzewuessen a mir gi gewuer, wéi eng brittesch Perséinlechkeeten déi lescht Joren op Besuch koumen an nach wäerte kommen.

*op Lëtzebuergesch