(On)bekannt - Maale Gars

Par Jill LallemangLynn Warken Article uniquement disponible en allemand

De Podcast, an deem d'Jill Lallemang all Kéier mat enger anerer Persoun potere soll – ouni Informatiounen, ouni Preparatioun. No an no kréie béid Gespréichspartner*inne Béierdeckele bruecht, déi d'Gespréich an eng aner Richtung bréngen. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis.

Dësen Artikel gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo däin Abo !

(On)bekannt - Ep. 10

Trëfft e Mathesproff op eng Däitschproffin … De Maale Gars an d'Jill diskutéieren iwwert "cool" Initiativen am Schoulsystem. Et geet ëm seng nei Single Rilatine 40mg, hei erzielt de Kënschtler iwwert seng eegen Erfarunge mat AD(H)S a mir gi gewuer, firwat Lyrics net grammatesch korrekt musse sinn. Den Episod war – wéi si zwee fannen – ganz gutt fir Lëtzebuerg.

*op Lëtzebuergesch