Evergreens - Aktien, Zënsen a Geopolitik: Wou stinn d'Finanzmarchéen?

Contenu sponsorisé Article uniquement disponible en allemand

E Podcast an Zesummenaarbecht mat der Spuerkeess iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. Dëst ass den zweete vun dräi hors-série Episoden.

Evergreens #39

US-Exceptionalism, d'Tariffer vum Donald Trump, d’Erausfuerderungen, déi déi nei chinesch KI-Entwécklunge mat sech bréngen a steigend Zënsen : D’Finanzmarchéën hunn am éischte Semester vum Joer 2025 staark Beweegunge matgemaach.

An dësem Episod analyséieren den David Schmit, Private Banking Advisor bei der Spuerkeess, an de Julien Kohn an Nick Huberty, allebéid Portfolio Manager bei der Spuerkeess, zesumme mam Bryan Ferrari, wéi europäesch Investisseuren vun dëse Mouvementer betraff sinn.

Natierlech beäntweren se och d’Fro vun de Froen : Wéi geet et am zweete Semester weider?