Evergreens - Wat dreift d'Maartdynamik?

Contenu sponsorisé Article uniquement disponible en allemand

E Podcast an Zesummenaarbecht mat der Spuerkeess iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣

Disclaimer : D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

Evergreens #33

Wéi beaflosse global politesch a wirtschaftlech Evenementer déi aktuell Finanzmäert? An dësem Episod kuckt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen op déi rezent Entwécklunge bei den US-Walen an hire potenziellen Impakt op d'Boursen, analyséiert d'Goldpräisser an d'Zënspolitik, geheit e Bléck op China an thematiséiert den Opstig vum indeschen Aktiemaart.

Den Nick Huberty an de Julien Kohn sinn Deel vun der Ekipp, déi der Spuerkeess hiren Investmentportfolio geréiert. De Julien Ensch ass Responsbele vum Client Relationship Management beim Asset Management vun der Spuerkeess.

*op Lëtzebuergesch