(On)bekannt - Anne Wies
By Jill Lallemang, Sherley De Deurwaerder, Maxime Toussaint, Lex Kleren Article only available in German
Am (On)bekannt-Podcast trëfft d'Jill Lallemang an all Episod op Gäscht, ouni ze wëssen, wien dat ass. An dës Kéier ass dat d'Anne Wies, d'Gesiicht an d'Hänn hannert der Bijous-Mark Atelier Monell.
Dëse Podcast-Episod gëtt Dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s Du eis Team wëlls ënnerstëtzen, da maach elo en Abonnement.
(On)bekannt – Ep. 27
An dëser Episod trëfft d'Jill Lallemang am Holy Ghost Garden op d'Anne Wies vum Atelier Monell. Als Kanner sinn se zesummen op der Diddelenger Kiermes Knuppauto gefuer, haut gesinn se sech am alen Tattoo-Studio tëscht Planzen op e Käffche rëm… an hunn sech méi wéi genuch ze zielen.
D'Anne ass fräischaffend Architektin, Goldschmattesch, an eng rakéitesch "campeuse bronzée" mat engem VW T4, déi d'Welt gesi wëll. Ugefaangen huet de Wee vum soziale Wunnengsbau an d'Handwierk mat geierften Ouerrénk vun der Boma, déi ursprénglech null säi Stil waren. Hatt ass du bei eng Goldschmattesch gaangen, fir se nei ze designen – an do huet et gefunkt. Haut mécht hatt se selwer: Bijoue mat Séil, déi no Wochen a Méint Aarbecht de Numm vun engem Mënsch droen, deen him eppes bedeit.
Si schwätzen doriwwer, wéi een eleng een Atelier féiert, iwwer Diddl-Maisercher, Familljegeschichten, an de Kulturschock vun hollännescher Iesskultur. An natierlech: Wou fillt een sech doheem, wann een tëscht Amsterdam a Lëtzebuerg pendelt?
(On)bekannt ass de Podcast, an deem d'Jill ouni Informatiounen an ouni Preparatioun op Mënschen trëfft. Béierdeckele bréngen d'Gespréich lues a lues an eng aner Richtung. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis.