Mäin Element - Constanze Weth

Sponsored content Article only available in German

E Podcast an Zesummenaarbecht mam Fonds National de la Recherche. De Max Kasel trëfft sech reegelméisseg mat Fuerscher*innen zu Lëtzebuerg a schwätzt mat hinnen iwwert hiert Liewen an hir Passioun fir d'Wëssenschaft. "Mäin Element" weist de Mënsch hannert der Fuerschung.

Mäin Element - Constanze Weth

An dësem Episod dréit sech alles ronderëm d'Sprooch. Mä wéi fuerscht een eigentlech Sprooch? Wéi kann ee mat der Sprooch Experimenter maachen? A si Memes eigentlech ee Sujet an der Linguistik?

Dës Froe beäntwerte mir zesumme mam Constanze Weth. D'Constanze erfuerscht d'Méisproochegkeet vu Kanner zu Lëtzebuerg. Dobäi huet hatt viru sengem Studium eigentlech ee ganz anere Wee ageschloen: Dee vun enger Léier als Huttmaacherin.