Mäin Element - Alexander Skupin
Sponsored content Article only available in German
Wéi genau huet et hannert de Kulisse vun der "Corona Task Force" ausgesinn, déi d'Politik 2020 beroden huet? Dat verréit eis den Alexander Skupin an dësem Episod vu "Mäin Element" - e Podcast an Zesummenaarbecht mam Fonds National de la Recherche, deen de Mënsch hannert der Fuerschung weist.
Mäin Element – Alexander Skupin
Dës Episod vu Mäin Element dréit sech ëm ee vun de bekanntste Wëssenschaftler aus Lëtzebuerg – an zwar den Alexander Skupin. Hie war nämlech Deel vun der deemoleger "Corona Task Force", déi d'Politik beroden huet.
Bekanntheet schéngt allgemeng ee Sujet fir den Alexander gewiescht ze sinn… Wann hien net Wëssenschaftler gi wier, dann hat hien nach d'Optioun fir… Rockstar ze ginn. Hien erzielt eis, wéi et dozou komm ass a wat geschéie géing, wa mir 100 Prozent vun eisem Gehier notze géingen.

