Evergreens - Lëtzebuerg a säin AAA-Status
Sponsored content Article only available in GermanE Podcast an Zesummenaarbecht mat der Spuerkeess iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.
Evergreens #23
Lëtzebuerg a säin AAA-Status
Am November koum d'Nouvelle, dass Lëtzebuerg seng Kreditbonitéit – de sougenannten Triple A – behält. Firwat ass dëse Label esou wichteg? Wien decidéiert doriwwer, a wéi en Afloss huet den "AAA" net nëmmen op de Finanzsecteur, mee och allgemeng op d'Wirtschaft am Grand-Duché?
Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat zwee Invitéen. D'Françoise Thoma, Generaldirectrice vun der Spuerkeess, erlieft dëse Prozess vum Rating zwee mol d'Joer hautno mat. De Bob Kieffer, Direkter vum Trésor, erkläert d'Wichtegkeet vum Kreditrating aus der Siicht vum Staat.
*op Lëtzebuergesch