New Work #17 - Kënschtlech Intelligenz an de Schoulen

Sponsored content Article only available in German

Den Aarbechtsmarché ass permanent amgaangen, sech ze veränneren. Wéi gesäit d'Aarbechtswelt vun haut aus? Wéi eng Faktore ginn ëmmer méi wichteg a wou leien d'Chancë respektiv d'Geforen? De Podcast vun der Chambre des salariés a Kollaboratioun mam Lëtzebuerger Journal.

New Work #17

2023 ass ChatGPT populariséiert ginn. Säit deem weess jiddereen, wat kënschtlech Intelligenz ass, a K.I. ass ee vill diskutéiert Thema. Verschidde Leit fokusséieren sech op d’Geforen, anerer benotzen et fir alles. Fir de Rob Weil ass kloer, dass mer musse léieren, domadder eens ze ginn, well d'K.I. sou wéi sou do ass.

Hien ass Director of Research, Policy, and Field Programs bei der American Federation of Teachers an den USA, Expert fir kënschtlech Intelligenz am Domaine vun der Educatioun a Virreider an der Fuerschung vu K.I.. Am Dezember 2024 war hien op Ufro vun der Chambre des salariés zu Lëtzebuerg, fir eng Konferenz iwwert d’Zukunft vun der Educatioun an den Afloss vun der K.I. op de Schoul-Secteur ze halen.

Wäert K.I. eis Jobs ersetzen? Mir hunn dovu profitéiert, fir him eng vun de meescht gestallte Froen zum Sujet ze stellen.

In collaboration with 
Sign up for our newsletter and don't miss a thing.

To complete the subscription process, please click the link in the email we just sent you. Check your spam or junk folder too, in case of doubt. It may take us a few minutes to update your Journal profile, so please be patient.

An error occurred while subscribing to our newsletter. Please contact us at abo@journal.lu.

Next

Care crisis in Luxembourg: words that are not followed by action