Mäin Element - Djamila Aouada

Sponsored content

E Podcast vum Lëtzebuerger Journal an Zesummenaarbecht mam Fonds National de la Recherche. De Max Kasel trëfft sech reegelméisseg mat Fuerscher*innen zu Lëtzebuerg a schwätzt mat hinnen iwwert hiert Liewen an hier Passioun fir d'Wëssenschaft. "Mäin Element" weist de Mënsch hannert der Fuerschung.

Mäin Element - Djamila Aouada

An dëser Episod vu "Mäin Element" geet et ganz héich erop. De Max schwätzt mat der Prof. Djamila Aouada iwwer d'Schaffen am Weltall, Milliardären déi onbedéngt dohi wëllen an d'Konsequenzen doraus fir d'Wëssenschaft. Donieft geet et och ëm aner Themen, wéi zum Beispill dem Djamila säin Opwuesse wärend dem Biergerkrich an Algerien a wéi present d'Thema "Feminismus" haut an der Wëssenschaft ass.