Generatioun A-Z - Politik

Von Melody HansenLynn WarkenLex Kleren

Konflikter tëscht Generatioune ginn et schonn esou laang, wéi et Mënsche ginn. Dobäi kënne si immens vill vunenee léieren. An dësem Podcast brénge mir jeeweils e jonken an en eelere Mënsch zesumme fir sech iwwer e bestëmmte Sujet auszetauschen. Dës Kéier geet et ëm d’Politik mam Jessie Thill a mam Mars Di Bartolomeo.

Jessie Thill a Mars Di Bartolomeo

D’Jessie Thill ass mat 26 Joer di jéngsten Deputéiert an der Chamber. De Mars Di Bartolomeo mat 69 Joer ee vun deenen eelsten. An dësem Episod schwätze si iwwer d’Aarbecht als Politiker*innen, d’Wichtegkeet vun enger Work-Life-Balance, Diversitéit an der Chamber an doriwwer, wéi si vun anere wouergeholl ginn – och emol als léif Maischen oder als ale wäisse Mann.

*op Lëtzebuergesch

00:00
00:00