Evergreens - Women in Finance

Sponsored content

E Podcast an Zesummenaarbecht mat der Spuerkeess iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen aus ganz ënnerschiddleche Beräicher iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣

Evergreens #13

Women in Finance

Am éischten Episod vum neie Joer sinn d'Fraen am Mëttelpunkt. Wéi steet et an der Banken- a Finanzwelt ëm d'Gläichberechtegung? Ass et am Verglach zu fréier haut éischter eng Normalitéit, dass een onofhängeg vum Geschlecht säi Wee ka maachen? A wéi gëtt Diversitéit am professionellen Alldag gelieft?⁣

Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Nathalie Deltgen ass en charge vum Secrétariat général vun engem Single Family Office zu Lëtzebuerg an huet laang Joren am Bankesecteur geschafft. D'Lynn Alzin ass Partnerin am Finanz- a Kapitalmaartrecht bei Arendt & Medernach. D'Doris Engel ass Chief Financial Officer an och Member vum Comité de direction bei der Spuerkeess.⁣

*op Lëtzebuergesch

In Zusammenarbeit mit
Jetzt den Newsletter abonnieren und nichts mehr verpassen. 

Um die Anmeldung abzuschließen, klicke auf den Link in der E-Mail, die wir dir gerade geschickt haben. Überprüfe im Zweifelsfall auch deinen Spam- oder Junk-Ordner. Es kann einige Minuten dauern, bis dein Journal-Profil aktualisiert ist.

Da ist was schief gelaufen bei deiner Anmeldung für den Newsletter. Bitte kontaktiere uns über abo@journal.lu.

Weiter

Die KI-Herausforderung