Evergreens - Banken- a Finanzwelt vu muer

Sponsored content

E Podcast an Zesummenaarbecht mat der Spuerkeess. De Bryan Ferrari zitt dës Kéier mat sengen Invitéen de Bilan vun de leschten 12 Méint an si diskutéieren, wat d'Erausfuerderungen am Joer 2023 an doriwwer eraus wäerte sinn.⁣

Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

Evergreens #12

Banken- a Finanzwelt vu muer

Am éischte Joer vum Podcast Evergreens goufe ganz vill verschidde Sujeten opgegraff. Fir den 12ten a leschten Episod vum Joer 2022 gëtt nach emol e Bléck op déi wichtegst Theme geheit, mee et ass méi wéi just e Réckbléck. Wéi eng Entwécklunge sinn 2023 an doriwwer eraus z'erwaarden, a wéi gutt sinn d'Marchéen a besonnesch och d'Lëtzebuerger Finanzplaz dorobber preparéiert?

Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Françoise Thoma ass Generaldirectrice vun der Spuerkeess. De Philipp von Restorff ass den Deputy CEO vu Luxembourg For Finance, an de Jerry Grbic ass CEO vun der ABBL, der Associatioun vun de Banquieren zu Lëtzebuerg.

*op Lëtzebuergesch