Evergreens - Obligatiounen an hir Roll um Kapitalmaart

Sponsored content

E Podcast an Zesummenaarbecht mat der Spuerkeess iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen aus ganz ënnerschiddleche Beräicher iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣

Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

Evergreens #11

Obligatiounen an hir Roll um Kapitalmaart

No Aktien, Devisen a Private Equity geet et dës Kéier ëm eng vun de gréissten "classes d'actifs" fir z'investéieren. Wat sinn Obligatiounen eigentlech genee, wat sinn déi fundamental Ënnerscheeder par rapport zu aneren Aktiva a wie sinn déi grouss Acteuren?⁣

Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Carlo Oly ass responsabel fir de Relationship Management bei der Lëtzebuerger Bourse a war fréier zoustänneg fir d’Kotatioun vun den Obligatioune bei der Bourse. De Marc Dax ass schonn 30 Joer laang an de Finanzmarchéen aktiv an ass Broker fir Obligatioune bei der Firma Tradition. Den Nick Huberty schafft beim Financial Markets Department bei der Spuerkeess.⁣

*op Lëtzebuergesch