Evergreens - Tëscht Euphorie a Realitéit

Sponsored content

E Podcast an Zesummenaarbecht mat der Spuerkeess iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣

Evergreens #44

K.I.-Euphorie, Rekordbewäertungen, Zentralbanken am Ëmbroch an eng nei Dynamik op de Finanzmarchéen: Dat éischt Hallefjoer huet gewisen, wéi séier sech Optimismus a Skepsis kënnen ofwiesselen.

Fir e Bilan vun de leschte séchs Méint ze zéien, hat de Bryan Huberty dräi Experte vun der Spuerkeess op Besuch. De Julien Ensch ass Head of Client Relationship Management, den Nick Huberty ass Sales Trader an de Julien Kohn ass Investor Relations Manager.

Si analyséieren, firwat d'Semiconductoren an d'K.I. d'Marchéen dominéieren, wéi eng Roll Gold, Energie a Japan an der aktueller Entwécklung spillen, a wat sech mat den Zentralbanken an Europa an den USA verännert.