Evergreens - Chancen a Risike vum Investéieren
Sponsored contentE Podcast an Zesummenaarbecht mat der Spuerkeess iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.
Disclaimer : D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.
Evergreens #30
Et soll ee keng Angscht virum Investéieren hunn, mee och net blann drop lass handelen. D'Bank ass e wichtege Beroder, wann een säi Geld op eng iwwerluechte Manéier an effikass wëll schaffe loossen.
Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen, déi Experten an der Matière sinn. Den Nick Huberty ass Deel vun der Ekipp, déi der Spuerkeess hiren Investmentportfolio geréiert. De Julien Ensch ass Responsbele vum Client Relationship Management beim Asset Management vun der Spuerkeess. An den Thierry Abdiu ass Conseiller am Private Banking fir d'Spuerkeess um Kierchbierg.
*op Lëtzebuergesch