Evergreens - Sinn eis Banke sécher?

Sponsored content

E Podcast an Zesummenaarbecht mat der Spuerkeess iwwer d'Banken- a Finanzwiesen. An dësem speziellen Episod geet et ëm déi rezent Turbulenze ronderëm US-Finanzinstituter.

Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

Evergreens #15

Sinn eis Banke sécher?

Silicon Valley Bank, Signature Bank, First Republic Bank. Déi rezent Failliten an den USA hunn op de Finanzmarchéë Schockwellen ausgeléist. Wéi stabil sinn d'Banken an Europa an zu Lëtzebuerg opgestalt? A goufen déi richteg Léieren aus fréiere Krise gezunn?⁣

Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Claude Wampach ass Direkter bei der CSSF, der Commission de Surveillance du Secteur Financier, an ass verantwortlech fir d'Bankesurveillance. De Jerry Grbic ass CEO vun der ABBL, der Associatioun vun de Banken zu Lëtzebuerg, an de Claude Origer ass bei der Spuerkeess de Responsabele vun der Salle des marchés an och fir de métier Trésorerie.⁣

*op Lëtzebuergesch