Wat leeft? - Verloscht an Trauer

Par Jana Degrott Article uniquement disponible en allemand

An dësem Podcast schwätzt d'Jana Degrott iwwer Themen, déi d'Gesellschaft beweegen. Dës Kéier geet et am Gespréich mam Chiara Ceccacci, Mady Lutgen a Laurent Lamesch ëm den Ëmgang mam Doud a mat schwaarze Gedanken.

Dësen Artikel gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo däin Abo !

Lieweg komme mer hei net eraus. Déi allermannst schwätze gär iwwert den Doud. Perséinlech hunn ech eng laang Zäit probéiert, d‘Thema ze vermeiden, bis ech selwer domadder konfrontéiert gouf an einfach kee Choix méi hat. Déi lescht Joren hunn ons erëm bewise wéi fragile d'Liewe ka sinn. Duerch de COVID-19 Virus hunn esouvill vun ons hir Léifst onerwaart verluer a ganz vill Leit konnte wéinst der Pandemie net richteg Äddi soen.

Wann s du oder een, deen s du kenns, depressiv Gedanken huet, da mell dech bei enger vun dëse Plaze fir Hëllef an Ënnerstëtzung : SOS Détresse (Tel : 454545), Kanner-Jugendtelefon (Tel : 116111) oder Fraenhaus (Tel : 448181). Bei Suizidgedanke solls du direkt op den 112 uruffen. Zousätzlech Informatioune fënns du hei.

Wat leeft? - Ep. 8

Verloscht an Trauer

Mir wëssen, dass den Doud zum Liewe gehéiert, mä aus diverse Grënn wëlle mer net driwwer schwätzen. An dësem Episod ännere mer dat. D'Gäscht zielen oppe vun hiren Erfarunge mam Doud, mat Trauer a mat Suizidgedanken. Et ass eng vun den emotionaalsten Diskussiounen an dëser Podcast-Serie, a ka vläicht deem engen oder aneren hëllefen, sech net eleng ze fillen a sengem Leed.

D'Mady Lutgen ass d’Grënnerin vu MADI.lu, engem online Fraemagasinn, a schwätzt driwwer, wéi et war, vun haut op muer seng Mamm ze verléieren ouni sech richteg kënnen ze verabschiden. De Laurent Lamesch erkläert seng Aarbecht als Bestatter a kläert ons op driwwer wat et bedeit, am Alldag mam Doud konfrontéiert ze sinn an Aarbecht a Privates streng mussen ze trennen. D’Chiara Ceccacci hat net déi einfachsten Zäit wärend der COVID-19 Pandemie. Et zielt vu senge schwaarze Gedanken a mécht jidderengem Mutt, sech an enger ähnlecher Situatioun Hëllef sichen ze goen.

*op Lëtzebuergesch