Menoplay ass den neie Podcast vum Lëtzebuerger Journal iwwert d'Menopause. Wéi preparéiert ee sech drop a wou hapert et nach u Support. Mir wëlle weisen: D'Menopause ass keen Enn, et ass eng nei Etapp.
Vapeuren… Brain Fog… Déi läscht Bluddung.
Dat alles si Begrëffer, déi mir mat der Menopause verbannen.
Ma wat bedeiten d'Peri-Menopause an d'Menopause konkret fir jiddereen, dee vun de Wiesseljoere betraff ass? Wéi ënnerstëtzt ee si an där Liewensphas am beschten? A wou hapert et zu Lëtzebuerg nach u Support?
Genee déi Froen beäntwert de Lëtzebuerger Journal mat dësem Podcast.
Mir hu mat betraffe Leit a mat Expert*innen aus der Santé an aus der Politik geschwat, mam Zil, de Sujet vun der Menopause ze enttabuiséieren a Fraen ze empoweren.
Mir weisen : D'Menopause ass keen Enn, et ass eng nei Etapp.
Menoplay – e Podcast vum Lëtzebuerger Journal.
Ab dem Donneschden, 15. Oktober 2026, iwwerall, wou et Podcaste ginn.
U Menoplay hu matgewiekt :
- Interviews : Camille Frati, Melody Hansen, Ilana Joseph, Misch Pautsch
- Konzept : Melody Hansen, Ilana Joseph, Maxime Toussaint
- Produktioun : Ilana Joseph, Maxime Toussaint
- Animatioun : Ilana Joseph
- Fotoen : Lex Kleren
Du wëlls méi iwwert eis Aarbecht wëssen an eis ënnerstëtzen? Hei gëss du méi iwwert eis Approche gewuer: