Menoplay

By Lëtzebuerger Journal Article only available in German

Menoplay ass den neie Podcast vum Lëtzebuerger Journal iwwert d'Menopause. Wéi preparéiert een sech drop a wou hapert et nach u Support? Mir wëlle weisen: D'Menopause ass keen Enn, et ass eng nei Etapp.

Vapeuren… Brain Fog… Déi lescht Bluddung.

Dat alles si Begrëffer, déi mir mat der Menopause verbannen.

Ma wat bedeiten d'Peri-Menopause an d'Menopause konkret fir jiddereen, dee vun de Wiesseljore betraff ass? Wéi ënnerstëtzt een si an där Liewensphas am beschten? A wou hapert et zu Lëtzebuerg nach u Support?

Genee déi Froe beäntwert de Lëtzebuerger Journal mat dësem Podcast.

Mir hu mat betraffe Leit a mat Expert*innen aus der Santé an aus der Politik geschwat, mam Zil, de Sujet vun der Menopause ze enttabuiséieren a Fraen ze empoweren.

Mir weisen: D'Menopause ass keen Enn, et ass eng nei Etapp.

Menoplay – e Podcast vum Lëtzebuerger Journal.

U Menoplay hu matgewiekt:

  • Interviews: Camille Frati, Melody Hansen, Ilana Joseph, Misch Pautsch
  • Konzept: Melody Hansen, Ilana Joseph, Maxime Toussaint
  • Produktioun: Ilana Joseph, Maxime Toussaint
  • Animatioun: Ilana Joseph
  • Fotoen: Lex Kleren