Menoplay #2 - Maach eng Party

Par Lëtzebuerger Journal Article uniquement disponible en allemand

Kannerwonsch, Muskeltraining, d’Menopause vun der Mamm – wat huet dat alles mateneen ze dinn? Méi wéi een denkt. Déi zweet Episod vu Menoplay weist, firwat et sech lount, sech net eréischt mat de Vapeuren op d'Menopause virzebereeden.

Tic-tac, tic-tac. Spéitstens mat Mëtt 30 fänkt d'biologesch Auer un, méi haart ze ticken, an d'Fro no engem Kannerwonsch gëtt ëmmer méi schwéier ze ignoréieren. Wat vill net wëssen : All Fra kënnt mat enger fixer Reserv vun Eezellen op d'Welt. Déi Reserv hëlt e Liewe laang of – a wann se bal opgebraucht ass, fänkt d’Perimenopause un.

Fir d'Ilana, 21, ass dat alles nach wäit ewech. Dofir freet hatt : Wéini ass de richtege Moment, fir sech mat der Menopause auserneenzesetzen? Kann een och viraussoen, wéini se antrëtt? A wat hunn Ernärung, Sport a Schlof domat ze dinn?

Äntwerte kréie mir vu Fraen, déi hire ganz eegene Wee gaange sinn. D’Trixy huet mat 39 op eemol seng biologesch Auer ticken héieren. D’Valérie hat geduecht, hire Kierper wier an der Menopause – néng Méint méi spéit koum hire Bouf op d’Welt. An d’Anouk, 29, ass iwwerzeegt : Eigentlech sollt een d’Menopause feieren.

Fir d’Anuerdnung suergen d’Generalistin Dr. Hacer Akkuzu, de Gynekolog Dr. Vincent Massard an d’Diététicienne Diana Reid. Si erklären, firwat sech e Bléck op d’Menopause vun der eegener Mamm lount, firwat een am beschte schonn Ufank 40 mam Muskeltraining ufänkt – a firwat d’Ernärung an dëser Phas net perfekt muss sinn, mee bewosst.

Wourëm et am Podcast geet

Vapeuren… Brain Fog… Déi lescht Bluddung.

Dat alles si Begrëffer, déi mir mat der Menopause verbannen.

Ma wat bedeiten d'Peri-Menopause an d'Menopause konkret fir jiddereen, dee vun de Wiesseljore betraff ass? Wéi ënnerstëtzt een si an där Liewensphas am beschten? A wou hapert et zu Lëtzebuerg nach u Support?

Genee déi Froe beäntwert de Lëtzebuerger Journal mat dësem Podcast.

Mir hu mat betraffe Leit a mat Expert*innen aus der Santé an aus der Politik geschwat, mam Zil, de Sujet vun der Menopause ze enttabuiséieren a Fraen ze empoweren.

Mir weisen : D'Menopause ass keen Enn, et ass eng nei Etapp.

Menoplay – e Podcast vum Lëtzebuerger Journal.

U Menoplay hu matgewiekt :

  • Interviews : Camille Frati, Melody Hansen, Ilana Joseph, Misch Pautsch
  • Konzept : Melody Hansen, Ilana Joseph, Maxime Toussaint
  • Produktioun : Ilana Joseph, Maxime Toussaint
  • Animatioun : Ilana Joseph
  • Fotoen : Lex Kleren