Gréng op den Oueren - Startups mat Fokus "Energie"
Contenu sponsorisé Article uniquement disponible en allemand![](/sites/default/files/styles/640_square/public/upload/media/image/2023-10/GODO%209%20-%201.jpeg?h=a42219cf&itok=OIK8Gqng)
Mir beliichten är Energie vun alle Säiten! Am Podcast ronderëm Nohaltegkeet mat Enovos treffe mir Leit, déi sech domat auskennen – Experten an awer och iwwerzeegten Notzer.
Gréng op den Oueren #9
Startups mat Fokus "Energie"
De Label "Made in Luxembourg" bedeit net onbedéngt ëmmer Kachkéis oder Cremant, heiansdo bedeit et och "Innovatiounen". An dësem Episode bléckt de Max hannert d'Kulisse vun 3 innovative Start-Ups aus Lëtzebuerg, déi am Beräich vun der erneierbarer Energie ënnerwee sinn. Dofir begréisst en och direkt 3 Invitéen : de Grégory Nain vun Datathings, de Xavier Kohll vu Circuli-ion an de Christophe Timmermans vu SolarCleano. Digital Zwillingen, Wäschroboter vu PV-Anlagen a Batterien, deenen een zweet Liewe geschenkt gëtt : vill Spaass mat spannende Lëtzebuerger Success-Stories.