Gréng op den Oueren - Grénge Stroum zu Lëtzebuerg

Contenu sponsorisé Article uniquement disponible en allemand

Mir beliichten är Energie vun alle Säiten! Am Podcast vun Enovos treffe mir Leit, déi sech domat auskennen – Experten an awer och iwwerzeegten Notzer. Wéi bréngt de Mënsch et fäerdeg, an Zukunft méi nohalteg ze liewen? Wéi eng grouss Entwécklunge gëtt et, déi eisen Alldag an eist Zesummeliewe beaflossen? Mir ginn dëse Froen op de Fong a schwätze mat deenen, déi et virliewen.

Gréng op den Oueren #1

Grénge Stroum zu Lëtzebuerg

Hunn ech grénge Stroum doheem? A wa jo, wou kënnt en iwwerhaapt hier? De Max war bei Enovos laanscht luussen, fir sech vun dräi Experten aus verschiddene Servicer doriwwer opklären ze loossen.

Den Alain Hubsch ass als Head of Market Operations & Power Asset Trading bei Enovos responsabel fir den Akaf vum Stroum. De Roger Rütze huet den Duerchbléck wat Certificaten ugeet a kann erklären, wéi de Stroum säi grénge Label kritt. An de Germain Emeringer huet mat senger Equipe am Customer Service Center souwuel on- wéi offline Dag fir Dag en oppent Ouer fir d'Clienten, a weess, wou de Schong meeschtens dréckt. Donieft gëtt et och Tipps vum Energieberoder, ë.a. zum spuersamen Ëmgang mat der Energie.

*op Lëtzebuergesch