New Work #6 - Gläichberechtegung um Aarbechtsmarché

Contenu sponsorisé Article uniquement disponible en allemand

De Podcast vun der Chambre des salariés a Kollaboratioun mam Lëtzebuerger Journal. Den Aarbechtsmarché ass permanent amgaange sech ze veränneren. Wéi gesäit d'Aarbechtswelt vun haut aus? Wéi eng Faktore ginn ëmmer méi wichteg a wou leien d'Chance respektiv d'Geforen?

New Work #6

An dësem Episod schwätze mer iwwert d’Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer um Aarbechtsmarché. Wat bedeit dat iwwerhaapt hautzedaags, d’Beruffs- a Privatliewen ënnert een Hutt ze kréien? Wéi eng Erausfuerderunge ginn et hei a wéi eng Mesurë gi geholl, fir der Ënnerrepresentatioun vu Fraen entgéint ze wierken? Dofir hunn ech mam Sylvie Lombardi, Presidentin vum Comité à l’égalité vun der Chambre des salariés (CSL) geschwat. Ier d’Emilia Minacapilli, Juristin a Conseillère de Direction bei der CSL eis en Iwwerbléck gëtt, wéi eng EU-Direktiven et an deem Kontext ginn an elo op nationalem Niveau ëmgesat musse ginn. Virdru gëtt eis den Direkter, de Sylvain Hoffmann, en Abléck an de Quality of Work Index, dee si 2013 mat der Uni Lëtzebuerg entwéckelt hunn, wéi eng Informatiounen si aus dësen Enquêtën all Joers kënne sammelen a wien d’CSL nieft de Salariéen nach vertrëtt.