flux #4 - Vun de Bouwen, déi gefeelt hunn
Par Lëtzebuerger Journal Article uniquement disponible en allemand
flux ass de Podcast vum Lëtzebuerger Journal, fir d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Wirtschaft méi gräifbar ze maachen. Fir jiddereen. Déi véiert Episod dréit sech ëm den Zoustand vun eiser Industrie wärend der däitscher Besatzung.
Wat kënnt iech an de Kapp, wann der u Lëtzebuerg denkt?
Héchstwarscheinlech : Steierparadäis. Héich Immobiliepräisser. Oder och nach Banken.
Ma wou kënnt de Wuelstand vun eisem Land eigentlech hir? Där Fro sinn d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal am neie Podcast flux op d'Spuer gaang.
Vun der Stolindustrie als wirtschaftlecht Fundament, iwwer d'Entstoe vun der Finanzplaz, bis hin zu engem ëmmer méi diversifizéierte Wirtschaftsmodell, an deem Tech, Weltraum oder Logistik eng wuessend Roll spillen.
D'Sherley De Deurwaerder, d'Camille Frati, d'Melody Hansen an de Pascal Steinwachs schwätze mat deene Mënschen, déi dës Evolutioun matgestalt hunn, a mat deenen, déi se haut nach ëmmer virundreiwen. Zäitzeien, déi d'Entwécklung aus hirer eegener Perspektiv erzielen. Ma och Historiker*innen, Politiker*innen a wirtschaftlech Schlësselfiguren.
#4 Vun de Bouwen, déi gefeelt hunn
Et ass den 31. August 1942. Bei der Post trëppelen se vun engem Fouss op den aneren. D'Aarbecht schleeft. Et gëtt gepëspert : Stëmmt et, dass se zu Wooltz grad um Streike sinn? An zu Schëffleng? Souguer zu Ettelbréck?
Den Dag virdrunner gouf ugekënnegt, dass och d'Lëtzebuerger Bouwen elo virun der Wehrpflicht stinn. Uechter d'Ländchen ass iwwer zwee Deeg e Generalstreik ausgebrach. E Moment vun der Resistenz, deen Affer mat sech bruecht huet, mee net verhënnere konnt, dass d'Lëtzebuerger Jongen an d'Wehrmacht agezu goufen.
Eis Spueresich fänkt dowéinst beim Mike Orazi un, Präsident vun der Amicale de la Poste. D'Grënnung vun dëser hänkt nämlech domadder zesummen, dass zwee Postbeamte mam Liewen dofir bezuelt hunn, um Streik deelgeholl ze hunn.
D'Colette Flesch, fréier Vize-Premierministesch a fréier Aussen-, Justiz- a Wirtschaftsministesch, deelt Erënnerunge vun der Evakuatioun vum Minett.
De Carlo Thelen vun der Chambre de Commerce an de Michel Wurth vun ArcelorMittal ginn en Iwwerbléck doriwwer, wéi d'Stolindustrie sech huet missen un déi däitsch Wirtschaftsplanung upassen, wärend de Jos Thull vum Musée Patton zu Ettelbréck doriwwer schwätzt, wat d'Besatzung an d'Anzéie vun de Bouwe fir Baueren an Handwierksbetriber bedeit huet.
An och gouf probéiert, d'Bouwen, déi gefeelt hunn, mat sougenannten Ostarbeiter*innen an der Landwirtschaft an an der Stolindustrie ze kompenséieren. Zu dësem däischtere Kapitel vun eiser Geschicht huet d'Prof. Inna Ganschow, Fuerscherin op der Uni Lëtzebuerg, vill recherchéiert.
U flux hu matgewierkt :
- Interviews : Sherley De Deurwaerder, Camille Frati, Melody Hansen, Pascal Steinwachs
- Konzept : Sherley De Deurwaerder, Maxime Toussaint
- Produktioun : Maxime Toussaint
- Animatioun : Sherley De Deurwaerder
- Fotoen : Lex Kleren, Misch Pautsch