flux #9 - Hin-an-Hier-Gependels

Par Lëtzebuerger Journal Article uniquement disponible en allemand

Bal d'Hallschent vun deenen, déi haut zu Lëtzebuerg schaffen, fueren all Dag iwwert d'Grenz. D'Episod 3 vun der zweeter Staffel vu flux setzt sech mam Phänomen vun de Grenzgänger*innen, dem Schengener Ofkommes, an der géigesäiteger wirtschaftlecher Ofhängegkeet tëscht dem Grand-Duché a sengen Noperen auserneen.

Wat kënnt iech an de Kapp, wann der u Lëtzebuerg denkt?

Héchstwarscheinlech : Steierparadäis. Héich Immobiliepräisser. Oder och nach Banken.

Mee wou kënnt de Wuelstand vun eisem Land eigentlech hir? Där Fro sinn d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal am Podcast flux op d'Spuer gaang.

Vun der Stolindustrie als wirtschaftlecht Fundament, iwwer d'Entstoe vun der Finanzplaz, bis hin zu engem ëmmer méi diversifizéierte Wirtschaftsmodell, an deem Tech, Weltraum oder Logistik eng wuessend Roll spillen.

D'Sherley De Deurwaerder, d'Camille Frati, d'Melody Hansen an de Pascal Steinwachs schwätze mat deene Mënschen, déi dës Evolutioun matgestalt hunn, a mat deenen, déi se haut nach ëmmer virundreiwen. Zäitzeien, déi d'Entwécklung aus hirer eegener Perspektiv erzielen. Ma och Historiker*innen, Politiker*innen a wirtschaftlech Schlësselfiguren.

#9 Hin-an-Hier-Gependels

Et ass de 15. Juni 1985, an et ass fir déi éischte Kéier méiglech, iwwer déi lëtzebuergesch Grenz ze fueren, ouni dem Douanier e Pass ze weisen.

Dat war méiglech dank dem Schengener Ofkommes, dat pünktlech fir d'Summervakanz op der MS Princesse Marie-Astrid vun de Representantë vun de Benelux-Staaten, Däitschland a Frankräich um Dräilännereck ënnerschriwwe ginn ass. D'Opmaache vun de Grenzen huet d'Liewe vun der éischter Well u Grenzgänger*innen vereinfacht, déi bis op Lëtzebuerg schaffe komm sinn.

Eis Spueresich fänkt bei der Soziologin Jessica Lopes a beim Illustrateur Charl Vinz un. Si hunn 2025 hiert Buch Temps de Trajet publizéiert, dat 13 ënnerschiddlech Persounen, déi haut hei zu Lëtzebuerg schaffen, op d'Aarbecht a rëm zréck heem begleet.

Wärend d'Marlene Schmidt, Directrice vum Centre Européen Schengen, iwwert d'Geschicht hannert dem Ofkommes an der Wichtegkeet vun den oppene Grenze fir de soziale Kontakt, de Shopping-, den Tanktourismus an nu mol d'Schaff schwätzt, kann de Franz Clément, Fuerscher beim Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (Liser) a fréiere Buergermeeschter vu Marteléng-Rombach, op déi zwou Säite vun der belsch-lëtzebuergescher Grenz agoen.

Dat waren nämlech deemools schonns zwou ganz verschidde Welten, a vun der belscher Säit sinn ëmmer Leit op Lëtzebuerg schaffe komm.

Vill vun deenen, déi fir ze schaffen all Dag eriwwergependelt sinn, hunn Aarbecht am Finanzsecteur fonnt. Egal op a Banken oder bei den Assurancen, an der Fongenindustrie oder bei engem vun den deemolege Big 8 – Kompetenze goufen ëmmer gebraucht. Souguer déi 'déck' Cheffe ware seele Lëtzebuerger, sou d'Véronique Poujol, déi 1989 vu Frankräich op Lëtzebuerg komm ass, fir als Journalistin ze schaffen. Och bei der Lëtzebuerger Zentralbank (BCL), wéi déi 1998 gegrënnt gouf, huet ee misse fir d'éischt mol Leit am Ausland fannen. Dorunner kann den éischte President vun der BCL, den Yves Mersch, sech erënneren.

Wéi vill vun deenen neien Aarbechtskräfte konnten dann iwwerhaapt an deem Land, an deem se geschafft hunn, un der Demokratie deelhuelen? Net vill. D'Dr. Estelle Berthereau, Fuerscherin um Luxembourg Centre of Contemporary and Digital History, erkläert firwat d'Walrecht fir d'Beruffskummere bis an d'90er de Lëtzebuerger*inne virbehale war.

U flux hu matgewierkt :

  • Interviews : Sherley De Deurwaerder, Camille Frati, Melody Hansen, Pascal Steinwachs
  • Konzept : Sherley De Deurwaerder, Maxime Toussaint
  • Produktioun : Maxime Toussaint
  • Animatioun : Sherley De Deurwaerder
  • Fotoen : Lex Kleren, Misch Pautsch