flux #3 - D'Fauscht op den Dësch
Par Lëtzebuerger Journal Changer en allemand pour l'article original
flux ass de Podcast vum Lëtzebuerger Journal, fir d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Wirtschaft méi gräifbar ze maachen. Fir jiddereen. An der drëtter Episod geet et ëm Demonstratiounen a Streiker an der Tëschekrichszäit.
Wat kënnt iech an de Kapp, wann der u Lëtzebuerg denkt?
Héchstwarscheinlech : Steierparadäis. Héich Immobiliepräisser. Oder och nach Banken.
Ma wou kënnt de Wuelstand vun eisem Land eigentlech hir? Där Fro sinn d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal am neie Podcast flux op d'Spuer gaang.
Vun der Stolindustrie als wirtschaftlecht Fundament, iwwer d'Entstoe vun der Finanzplaz, bis hin zu engem ëmmer méi diversifizéierte Wirtschaftsmodell, an deem Tech, Weltraum oder Logistik eng wuessend Roll spillen.
D'Sherley De Deurwaerder, d'Camille Frati, d'Melody Hansen an de Pascal Steinwachs schwätze mat deene Mënschen, déi dës Evolutioun matgestalt hunn, a mat deenen, déi se haut nach ëmmer virundreiwen. Zäitzeien, déi d'Entwécklung aus hirer eegener Perspektiv erzielen. Ma och Historiker*innen, Politiker*innen a wirtschaftlech Schlësselfiguren.
#3 D'Fauscht op den Dësch
Et ass de 15. November 1918, a bei eisen däitschen Nopere gëtt den Aacht-Stonnen-Dag agefouert. D'Aarbechter*innen am Minett – hongreg, aarm, an iwwerschafft – verstinn net, firwat d'Regierung Reuter net matzitt.
Knapps zwee Deeg drop stellt de Luxemburger Berg- und Hüttenarbeiterverband (BHAV) kloer Fuerderungen. D'Regierung setzt, fir déi éischte Kéier an der Geschicht vu Lëtzebuerg, d'Gewerkschafter an de Patronat zesummen un een Dësch. D'Resultat : De 14. Dezember gouf den Aacht-Stonnen-Dag ouni Kierzung vun de Paien agefouert.
Mee domadder war d'Bier net geschielt. D'Tëschekrichszäit huet vill Streiker an Demonstratioune gesinn. D'Sherley ass de politesche Kontexter hannert, an de Resultater vun, der Organisatioun vun den Aarbechter*innen op d'Spuer gaangen.
Des Kéier fänke mir u beim Colette Kutten, déi sech an den 80er am Mouvement de Libération des Femmes (MLF) fir d'Recht op Aarbecht fir Fraen agesat huet, a beim Gabrielle Antar, Matbegrënnerin vum Waassermeloun Kollektiv. Si bréngt duerch Erfarungen am Libanon eng méi international Vue op de Streikgeescht mat.
D'Nora Back, Presidentin vun der Chambre des salariés, an de Frédéric Krier, Historiker beim OGBL, guidéieren eis chronologesch duerch eng Rëtsch Streiker tëscht den zwee Weltkricher. De Guy Castegnaro, Affekot am Aarbechtsrecht, an de Robert Schneider, pensionéierte Journalist, hunn natierlech och e Wuert zu de Gewerkschaften ze soen.
De Michel Wurth vun ArcelorMittal Lëtzebuerg kommentéiert déi deemoleg Stëmmung an der Gesellschaft, wärend de Jean-Claude Juncker, fréiere Lëtzebuerger Premier, erzielt, wéi hien d'Stolindustrie no den éischte sozialen Acquisen als Kand erlieft huet.
An de Prof. Benoît Majerus huet sech domadder beschäftegt, wat de Crash vun der Bourse 1929 eiser dunn nach bescheidener Finanzplaz bruecht huet. Spoiler : Wärend d'Vollek gelidden huet, hunn international Konzerner sech gefreet…
U flux hu matgewierkt :
- Interviews : Sherley De Deurwaerder, Camille Frati, Melody Hansen, Pascal Steinwachs
- Konzept : Sherley De Deurwaerder, Maxime Toussaint
- Produktioun : Maxime Toussaint
- Animatioun : Sherley De Deurwaerder
- Fotoen : Lex Kleren, Misch Pautsch