Ënnert dem Teppech - Mamm ginn

Par Marlee Dos ReisLex KlerenMisch Pautsch Article uniquement disponible en allemand

D'Marlee Dos Reis wëll an dësem Video-Podcast mat senge Gäscht Grenzen iwwerwannen. Firwat si gewëssen Themen tabu? A wéi ass et mat de Grotéin an enger Welt, déi dacks nëmmen nach schwaarz a wäiss gesi gëtt?

Dësen Artikel gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo däin Abo. (Coverbild @samiiwithluv)

Ënnert dem Teppech - Ep.1

Mamm ginn

Mamm ginn ass eng eemoleg Erfarung fir all Fra. Mee et héiert ee sielen eppes iwwer d'Héichten an Déifte vun esou enger Schwangerschaft. D’Juristin Natacha Simba huet e Bouf vun 2 Joer an d'Éducatrice Marewa Ganeto ass viru kuerzem Mamm ginn. Zesumme mam Marlee Dos Reis diskutéiere si ganz oppen iwwer haart Momenter, onerwaarten Etappen an déi zum Deel extrem Gefillsschwankungen, déi si erlieft hunn.⁣

D'Marlee ass Presidentin vun der Associatioun Imani Asbl a setzt sech fir Women empowerment an. Dësen Episod gouf opgezeechent am Restaurant Strogoff op der Paräisser Plaz an der Stad.

*op Lëtzebuergesch