Gréng op den Oueren - Stroum doheem produzéieren

Sponsored content Article only available in German

Mir beliichten är Energie vun alle Säiten! Am Podcast ronderëm Nohaltegkeet mat Enovos treffe mir Leit, déi sech domat auskennen – Experten an awer och iwwerzeegten Notzer.

Gréng op den Oueren #7

Stroum doheem produzéieren

Energie ass iwwerall ronderëm eis. Et muss een se just afänken. No dësem Motto kucke mir an dësem Episod, wéi jidderee vun eis net nëmme selwer Stroum produzéiere kann, mee duerch Autoconsommatioun och säi Bäitrag fir eng nohalteg Zukunft leeschte kann.⁣⁣⁣
⁣⁣⁣
De Sasan Rafii ass Co-Fondateur a Gerant vu Letz Green Renewables, déi Photovoltaik-Anlage bauen an de Leit et erméiglechen, hire Stroum sou vill wéi méiglech selwer ze notzen. Hien erkläert ënner anerem, op wat een oppasse muss, wann een eng PV-Anlag installéiere wëll, a wéi en "Smart" Doheem hëllefe kann, d'Energie ideal anzesetzen. De Laurent Melchior vun Enovos mécht d'Theorie hannert de PV-Anlage méi gräifbar a weess, wéi eng Optiounen et gëtt, fir d'Lag vum Daach ideal auszenotzen. D'Sarah Juchems vun der Klima-Agence gëtt Detailer zu de verschiddene Subventiounen, déi een bei esou engem Investissement zegutt huet.⁣⁣⁣
⁣⁣⁣
*op Lëtzebuergesch