flux #1 - Prolog

By Lëtzebuerger Journal Article only available in German

flux ass de Podcast vum Lëtzebuerger Journal, fir d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Wirtschaft méi gräifbar ze maachen. Fir jiddereen. An der éischter Episod erziele mir de Wandel vun der Agrarwirtschaft op d'Stolindustrie.

Wat kënnt iech an de Kapp, wann der u Lëtzebuerg denkt?

Héchstwarscheinlech: Steierparadäis. Héich Immobiliepräisser. Oder och nach Banken.

Ma wou kënnt de Wuelstand vun eisem Land eigentlech hir? Där Fro sinn d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal am neie Podcast flux op d'Spuer gaang – ab dem 25. November 2025 iwwerall do, wou et Podcaste ginn.

Vun der Stolindustrie als wirtschaftlecht Fundament, iwwer d'Entstoe vun der Finanzplaz, bis hin zu engem ëmmer méi diversifizéierte Wirtschaftsmodell, an deem Tech, Weltraum oder Logistik eng wuessend Roll spillen.

D'Sherley De Deurwaerder, d'Camille Frati, d'Melody Hansen an de Pascal Steinwachs schwätze mat deene Mënschen, déi dës Evolutioun matgestalt hunn, a mat deenen, déi se haut nach ëmmer virundreiwen. Zäitzeien, déi d'Entwécklung aus hirer eegener Perspektiv erzielen. Ma och Historiker*innen, Politiker*innen a wirtschaftlech Schlësselfiguren.

#1 Prolog

Eis Spuresich fänkt am Joer 1882 un.

Den Norbert Metz an de Victor Tesch decidéieren: Ob Diddeleng gehéiert eng Schmelz. Dorauser entstanen ass e bléiende Stolkomplex, deen sech ëmmer rëm huet misse weiderentwéckelen.

Haut ass d'Schmelz ausser Betrib. Schlofen deet se awer net. Wat elo do geschitt, huet d’Sherley sech am VeWa ugekuckt. De Kënschtler Thomas Steinmann an de Serge Ecker vun DKollektiv erzielen eis vun hirem Projet.

Mee genau sou, wéi et e Lëtzebuerg no der Schmelz gëtt, gouf et e Lëtzebuerg virun der Schmelz. An zwar eent, dat sech selwer versuerge misst. Doriwwer schwätze mir mam Percy Lallemang vum Peppenger Baueren- an Handwierksmusée. Hie kuckt zeréck op d'landwirtschaftlech Wuerzele vun eisem Ländchen.

Donieft erzielt d'Sylvie Hamus, Schneiderin a Präsidentin vun der Meeschterprüfungskommissioun, dovunner, wéi hir Virfaren d'Vollek gekleet hunn, wärend de Georges Ginter vun der Gebuert vun der Textilindustrie schwätzt an de Carlo Thelen vun der Chambre de Commerce z‘illustréie weess, wéi d'Handwierks- an Handelslandschaft am 19. Joerhonnert ausgesinn huet.

A wéi déi fréi Stolindustrie da schlussendlech ausgesinn huet, dat erzielt eis de Michel Wurth vun ArcelorMittal.

U flux hu matgewierkt :

  • Interviews : Sherley De Deurwaerder, Camille Frati, Melody Hansen, Pascal Steinwachs
  • Konzept : Sherley De Deurwaerder, Maxime Toussaint
  • Produktioun : Maxime Toussaint
  • Animatioun : Sherley De Deurwaerder
  • Fotoen: Lex Kleren, Misch Pautsch