Evergreens - Quo Vadis, Lëtzebuerger Wirtschaft?
Sponsored content Article only available in GermanE Podcast an Zesummenaarbecht mat der Spuerkeess iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.
Evergreens #24
Quo Vadis, Lëtzebuerger Wirtschaft?
Et war e mouvementéiert Joer, dat och d'Banken- a Finanzwelt net kal gelooss huet. Am leschten Episod 2023 steet bei Evergreens generell déi Lëtzebuerger Ekonomie am Fokus, déi nieft Maartturbulenzen och den Afloss vu Krich, héijen Zënsen an Inflatioun ze spiere krut. Wéi schwiereg ass et, dëst alles an engem europäesche Kontext ze navigéieren, a wéi problematesch ass d'Situatioun am Logement fir déi zukünfteg Entwécklung?
De Bryan Ferrari mécht mat sengen zwee Invitéen e Réck- an Ausbléck. De Serge Allegrezza ass Direkter vum Statec, dem Institut fir Statistik a Wirtschaftsstudien. De Jean-Paul Olinger ass Direkter vun der UEL, dem Daachverband vun de Lëtzebuerger Patronatsorganisatiounen.
*op Lëtzebuergesch