Evergreens - Kënschtlech Intelligenz verstoen
Sponsored content Article only available in GermanE Podcast an Zesummenaarbecht mat der Spuerkeess iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.
Evergreens #18
Kënschtlech Intelligenz verstoen
K.I. oder A.I., op Englesch, huet en neit Zäitalter agelaut. Wat fréier Science Fiction war, kéint geschwë scho Realitéit sinn: Maschinnen iwwertreffen de Mënsch, deen se gebaut a programméiert huet. Wat kann déi Intelligenz, déi kënschtlech geschaf gouf, bis ewell? Wéi eng Méiglechkeeten erginn sech doduerch an der Gesellschaft, a méi spezifesch am Banken- a Finanzwiesen? An iwwerweit den Notzen, deen de Mënsch doraus zitt, déi potenziell Geforen?
Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Misch Strotz ass ee vun Fondateuren a CEO bei Neon Internet, enger Agence, déi sech fokusséiert op nei Trends an d'Medie vun der Zukunft. De Jacques Pütz kënnt aus dem Banken- a FinTech-Milieu, kennt sech aus a Saachen Digitalisatioun an Innovatioun, an ass aktuell Head of Product Management vun Digital Trust Produite bei Proximus. De Christophe Atten schafft bei der Spuerkeess am Beräich Data, wou eent vun den Ziler ass ze kucken, wéi een A.I. notze kann, fir de Clienten nei Produiten ze proposéieren.
*op Lëtzebuergesch