Evergreens - Kënschtlech Intelligenz verstoen

Contenu sponsorisé Article uniquement disponible en allemand

E Podcast an Zesummenaarbecht mat der Spuerkeess iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣

Evergreens #18

Kënschtlech Intelligenz verstoen

K.I. oder A.I., op Englesch, huet en neit Zäitalter agelaut. Wat fréier Science Fiction war, kéint geschwë scho Realitéit sinn : Maschinnen iwwertreffen de Mënsch, deen se gebaut a programméiert huet. Wat kann déi Intelligenz, déi kënschtlech geschaf gouf, bis ewell? Wéi eng Méiglechkeeten erginn sech doduerch an der Gesellschaft, a méi spezifesch am Banken- a Finanzwiesen? An iwwerweit den Notzen, deen de Mënsch doraus zitt, déi potenziell Geforen?

Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Misch Strotz ass ee vun Fondateuren a CEO bei Neon Internet, enger Agence, déi sech fokusséiert op nei Trends an d'Medie vun der Zukunft. De Jacques Pütz kënnt aus dem Banken- a FinTech-Milieu, kennt sech aus a Saachen Digitalisatioun an Innovatioun, an ass aktuell Head of Product Management vun Digital Trust Produite bei Proximus. De Christophe Atten schafft bei der Spuerkeess am Beräich Data, wou eent vun den Ziler ass ze kucken, wéi een A.I. notze kann, fir de Clienten nei Produiten ze proposéieren.

*op Lëtzebuergesch

00:00
00:00
En collaboration avec 
Pour ne rien manquer, inscrivez-vous à la newsletter.

Pour finaliser l'inscription, clique sur le lien indiqué dans l'e-mail que nous venons de t'envoyer. Vérifie également ton dossier de courrier indésirable ou spam, en cas de doute. La mise à jour de ton profil Journal peut prendre quelques minutes.

Une erreur est survenue lors de ton inscription à la newsletter. Tu peux nous contacter à abo@journal.lu.

Suivant

Luxembourg Waffle - Mariana Florea