Elo mol éierlech - Sozialismus

By Bill WirtzLex KlerenMisch PautschMarc Lazzarini Article only available in German

De Bill Wirtz schwätzt mat Mënschen, déi eppes ze soen hunn. Djuna Bernard (déi gréng), Marc Baum (déi Lénk) an Yves Cruchten (LSAP) diskutéieren iwwer d’Politik vun der Gauche.

Dësen Artikel gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënne bidden, da maach elo en Abo.

Elo mol éierlech - Ep. 17

Sozialismus

An Däitschland ass d'SPD als stäerkste Kraaft aus de Walen ervirgaangen an och an Norwegen hunn d'Sozialdemokraten d'Walen am September gewonnen. Mee wat heescht et Sozialist ze sinn zu Lëtzebuerg am 21. Joerhonnert? Wéi eng politesch Parteie sinn traditionell Member vun der Gauche, a wat sinn hier Valeuren?

Nom Konservatismus-Episod am Summer hëlt de Bill Wirtz déi lénks-orientéiert Politik op de Leescht an diskutéiert Ëmweltpolitik, Immigratioun an d’Lëtzebuerger Finanzplaz mat der Parteipräsidentin vun déi gréng Djuna Bernard, dem LSAP-Parteipräsident Yves Cruchten an dem fréieren Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum. D'Gespréich gouf an der Buvette vun de Rotonden opgeholl.

*op Lëtzebuergesch