POST x IMPAKT - Inclusion financière

Sponsored content

An enger globaliséierter Welt verantwortungsvoll op sozialem, wirtschaftlechem an ökologeschem Niveau ze agéiere sollt net nëmmen eleng d’Aufgab vu Bierger a Biergerinne sinn, mee och vun Entreprisen. Aus deem Grond entwéckelen ëmmer méi Betriber hir eegen RSE-Strategie. E Podcast iwwert d'Kreeslafwirtschaft, déi finanziell an digital Inclusioun. 

POST x IMPAKT #3

Inclusion financière

Dësen Episod dréit sech am wäitste Sënn ëm de Sujet Inclusion financière: Wéi eng Moossname vu POST Finance ergraff ginn, fir de Risk vu finanzieller an an deem Kontext digitaler Ausgrenzung ze reduzéieren a wéi konkret dës Initiative bei deenen, déi den néidege Support brauchen, ëmgesat ginn. Dofir huet eis de Gabriel de La Bourdonnaye, Direkter vu POST Finance, een Abléck an hir d’Kollaboratioune mat ënnerschiddlechen Associatiounen a staatlechen Institutioune wéi dem ONA, den Office national de l’accueil, ginn. Dozou gehéiert och de Support fir d'Refugiéen aus der Ukrain, wéi de President vun der LUkraine asbl, Nicolas Zharov, erzielt. Dernieft gi mer méi iwwert d'Zesummenaarbecht mat der Associatioun Touchpoints gewuer. Si beroden, ënnerstëtzen a begleede Leit, dorënner Refugiéen a Persounen aus Drëttstaaten, op hirem Wee an d’Selbststännegkeet, sou d’Directrice Fabienne Colling.