POST x IMPAKT - Aarbechtskleedung vu Fairtrade zertifiéiert

Sponsored content

An enger globaliséierter Welt verantwortungsvoll op sozialem, wirtschaftlechem an ökologeschem Niveau ze agéiere sollt net nëmmen eleng d’Aufgab vu Bierger a Biergerinne sinn, mee och vun Entreprisen. Aus deem Grond entwéckelen ëmmer méi Betriber hir eegen RSE-Strategie. E Podcast iwwert d'Kreeslafwirtschaft, déi finanziell an digital Inclusioun. 

POST x IMPAKT #4

Aarbechtskleedung aus fairem Handel

Eng gutt 50 Prozent vun der Aarbechtskleedung fir d'Bréifdréier*innen a Mataarbechter*innen aus dem Verkafsréseau bei POST Luxembourg kënnt aus dem fairen Handel an ass vu Fairtrade zertifiéiert. An dësem Episod erzielt eis de Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg, wéi et zu der Zesummenaarbecht mat POST koum a mir léieren de Karel Lambert vum Kleederbuttek Akabo kennen, dee sech scho säit Jore fir Fair Fashion hei zu Lëtzebuerg asetzt. Virdru gëtt eis den Italo Garofoli, Chef de Service du Réseau de Vente vu POST Courrier een Abléck, wéini POST mam Prozess Kleedung fir hir Leit no de Critèrë vum fairen Handel ze bestellen ugefaangen huet a wat d’Zil fir déi nächst Joren ass.

© Post
© Post