Mäin Element - Stéphane Bordas

Sponsored content

E Podcast vum Lëtzebuerger Journal an Zesummenaarbecht mam Fonds National de la Recherche. De Max Kasel trëfft sech reegelméisseg mat Fuerscher*innen zu Lëtzebuerg a schwätzt mat hinnen iwwert hiert Liewen an hier Passioun fir d'Wëssenschaft. "Mäin Element" weist de Mënsch hannert der Fuerschung.

Mäin Element - Stéphane Bordas

De Prof. Stéphane Bordas aus der Computational Mechanics ass e richtegen Tausendsassa! Dat gesäit een engersäits un de ville verschiddene Felder an deenen hie mat sengem Team ënnerwee ass, dorënner Aerospace Engineering, Biomechanics, Data Mining, wéi och a senger Fuerschung, a senge Kueren, oder beim Lafen: De Stéphane gëtt ëmmer 110%.

Dat gëtt och belount: De Stéphane ass zënter Joren ee vun de meescht zitéierte Wëssenschaftler weltwäit. Eng Leeschtung déi him net an de Schouss gefall ass.

An dëser Episod bléckt de Stéphane mat eis hannert d'Kulisse vun der Wëssenschaft, an déi huet net ëmmer just positiv Säiten, och wann et vu bausse gären esou schéngt. Mir léiere wat Mathe mat der Natur ze dinn huet, de Stéphane erkläert eis firwat hie seng Auszeechnung als meescht zitéierte Fuerscher kritesch gesäit a schwätzen iwwert d'Thema "endlech ukommen".