flux #2 - A man's world

Von Lëtzebuerger Journal

flux ass de Podcast vum Lëtzebuerger Journal, fir d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Wirtschaft méi gräifbar ze maachen. Fir jiddereen. An der zweeter Episod erziele mir den Opbau vun der Stolindustrie.

Wat kënnt iech an de Kapp, wann der u Lëtzebuerg denkt?

Héchstwarscheinlech: Steierparadäis. Héich Immobiliepräisser. Oder och nach Banken.

Ma wou kënnt de Wuelstand vun eisem Land eigentlech hir? Där Fro sinn d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal am neie Podcast flux op d'Spuer gaang.

Vun der Stolindustrie als wirtschaftlecht Fundament, iwwer d'Entstoe vun der Finanzplaz, bis hin zu engem ëmmer méi diversifizéierte Wirtschaftsmodell, an deem Tech, Weltraum oder Logistik eng wuessend Roll spillen.

D'Sherley De Deurwaerder, d'Camille Frati, d'Melody Hansen an de Pascal Steinwachs schwätze mat deene Mënschen, déi dës Evolutioun matgestalt hunn, a mat deenen, déi se haut nach ëmmer virundreiwen. Zäitzeien, déi d'Entwécklung aus hirer eegener Perspektiv erzielen. Ma och Historiker*innen, Politiker*innen a wirtschaftlech Schlësselfiguren.

#2 A man's world

Et ass de 14. September 1910 – an zu Esch ass fatzeg eng lass.

Am Quartier Grenz gouf eng Koppel, déi mat Kuel handelt, brutal ermort. D'Police hadert domat, erauszefannen, ween den Täter ass. An dat iwwer Joren: Gesicht gëtt bei den Aarbechter*innen, mee de Mäerder ass een eemolege Polizist.

E Mord, deen net vum Wuesstum vun der Stolindustrie an dem verännerte soziale Klima ze trennen ass, wéi de Jérôme Quiqueret, Auteur vum Buch "Tout devait disparaître", eis an dëser Episod erzielt.

De Fall ass nämlech e Symptom vun den Upassungsschwieregkeeten zu engem Moment, wou grad e puer Männer aus eisem Ländchen hiert Spillfeld maachen.

Wéi a wisou et zu deene Probleemer komm ass – a wat dorauser entstoe konnt – deem ass d'Sherley op d'Spuer gaangen. De Carlo Thelen vun der Chambre de Commerce an de Michel Wurth vun ArcelorMittal erziele méi iwwert déi Industriell, déi hannert dësem Wuesstum stiechen. De Stefan Krebs an de Benoît Majerus, allen zwee Fuerscher op der Uni Lëtzebuerg, ginn an den Detail iwwer d'Finanzéierung vun der Stolindustrie an d'Main d'Oeuvre, déi béid dacks aus dem Ausland koumen.

Ma och déi sozial Dimensioun dierf net vergiess ginn. Doriwwer schwätzen de Guy Castegnaro, Affekot am Aarbechtsrecht, an de Robert Schneider, pensionéierte Journalist, ma och de Jean-Claude Juncker, fréiere Lëtzebuerger Premier an EU-Kommissiounspresident.

U flux hu matgewierkt :

  • Interviews : Sherley De Deurwaerder, Camille Frati, Melody Hansen, Pascal Steinwachs
  • Konzept : Sherley De Deurwaerder, Maxime Toussaint
  • Produktioun : Maxime Toussaint
  • Animatioun : Sherley De Deurwaerder
  • Fotoen: Lex Kleren, Misch Pautsch