flux #5 - Oppen Dieren

Von Lëtzebuerger Journal

flux ass de Podcast vum Lëtzebuerger Journal, fir d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Wirtschaft méi gräifbar ze maachen. Fir jiddereen. Déi fënneft Episod dréit sech dorëms, wéi d'ugeschloe Wirtschaft vun eisem klenge Ländchen sech nom zweete Weltkrich duerch Diversifizéierung bis an d'sougenannten "Golden Sixties" erkrabbelt huet.

Wat kënnt iech an de Kapp, wann der u Lëtzebuerg denkt?

Héchstwarscheinlech: Steierparadäis. Héich Immobiliepräisser. Oder och nach Banken.

Ma wou kënnt de Wuelstand vun eisem Land eigentlech hir? Där Fro sinn d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal am neie Podcast flux op d'Spuer gaang.

Vun der Stolindustrie als wirtschaftlecht Fundament, iwwer d'Entstoe vun der Finanzplaz, bis hin zu engem ëmmer méi diversifizéierte Wirtschaftsmodell, an deem Tech, Weltraum oder Logistik eng wuessend Roll spillen.

D'Sherley De Deurwaerder, d'Camille Frati, d'Melody Hansen an de Pascal Steinwachs schwätze mat deene Mënschen, déi dës Evolutioun matgestalt hunn, a mat deenen, déi se haut nach ëmmer virundreiwen. Zäitzeien, déi d'Entwécklung aus hirer eegener Perspektiv erzielen. Ma och Historiker*innen, Politiker*innen a wirtschaftlech Schlësselfiguren.

#5 Oppen Dieren

Et ass de 24. Abrëll 1951. Zu Colmer-Bierg versammele sech e gudde Koup dichteg a wichteg Leit aus Lëtzebuerg, den USA, England an Holland.

Hei gëtt nämlech d'Produktioun vun der éischter US-amerikanescher Firma lancéiert, déi hire Wee op Lëtzebuerg fonnt huet: d'Goodyear. Dowéinst fänkt eis Spueresich des Kéier beim Miguel Simon un, deen haut Manager bei Goodyear Mounting Solutions ass.

D'Industriesitten hunn den zweete Weltkrich zwar méi oder manner gutt iwwerstanen, mee et war alles anescht wéi einfach, d'Schwéierindustrie mat Koks ze versuergen.

D'Lëtzebuerger Regierung war sech bewosst: D'Wiertschaft muss diversifizéiert ginn.

Ma fir d'éischt misst Europa sech nei opstellen – an nei Kooperatioune fannen, fir Buttek sou gutt wéi méiglech ze vermeiden. D'Colette Flesch, déi vun 1964 bis 1969 am Verwaltungsrot vun den Europäesche Gemeinschaften (EG) war, weess, wat sech fir Lëtzebuerg um institutionellen Niveau mat der Benelux an den EG verännert huet.

De Robert Schneider, fréiere Journalist, erzielt, wéi d'Land sech nom Krich politesch positionéiert huet, wärend de Carlo Thelen de Lien zum Plan Marshall an der Moderniséierung vun der Industrie mécht.

D'Diversifizéierung, déi huet net nëmmen Industriekonzerner ugelackelt, ma och US-amerikanescht Kapital. De Kik Schneider, fréiere Member vum Staatsrot a Conseilspräsident vum Lëtzebuerger Journal, an de Prof. Benoît Majerus, Fuerscher beim Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History, erklären, wéi d'Finanzplaz gewuess ass.

A wann sech um Pabeier villes gebessert huet, konnt d'Aarbecht an der Stolindustrie nach ëmmer liewensgeféierlech ginn, esou de Léon Leszczynski, dee mat 17 Joer ugefaang huet, an de Minnen ze schaffen.

U flux hu matgewierkt:

  • Interviews: Sherley De Deurwaerder, Camille Frati, Melody Hansen, Pascal Steinwachs
  • Konzept: Sherley De Deurwaerder, Maxime Toussaint
  • Produktioun: Maxime Toussaint
  • Animatioun: Sherley De Deurwaerder
  • Fotoen: Lex Kleren, Misch Pautsch